FLASS, esou heescht déi Associatioun déi sech zu Lëtzebuerg fir de Gesondheetssport asetzt. Chronesch krank Leit sollen duerch Sport a Beweegung eng besser Liewensqualitéit kréien. Sport ass hei en Universal-Medikament, wat bei wäit méi Krankheeten hëlleft, wéi dacks ugeholl. Esou treffen sech z.b. ëm déi 600 Leit reegelméisseg fir zesummen – a medezinesch gutt encadréiert – Sport ze maachen. Dat alles ass awer an dësen Zäiten net esou einfach, Guy Seyler: